Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Haut feiere mir den internationalen Dag vun der Infirmière an dem Infirmier. Wann et drëms geet, konkret Verbesserungen fir dësen essentiele Beruff ze maachen, ass d'Fleegepolitik ewéi eng gliddeg Gromper, déi vun dem Engen an dem Anere seng Hänn geheit gëtt. Dobäi ass Gesondheet e Mënscherecht an et sinn dËmstänn, net de Beruff selwer, déi de Prob…
  continue reading
 
Haut, um 9. Mee feiere mer Europa, e Projet vu Fridden an Eenheet, vu fräier Zirkulatioun vu Wueren an Aarbecht a vun exemplarescher Kooperatioun a Solidaritéit ënner den europäesche Länner. Mee vill Fräiheeten a Rechter gëllen net fir all Awunner an der EU a sinn ofhängeg vun der Nationalitéit oder dem Wunnsëtz vun der Persoun. E puer Beispiller v…
  continue reading
 
Si sinn am Moment keen Thema. D'Aktualitéit gëtt dominéiert vu Krich, Wirtschaft, a fir Kanner a Jugendlecher interesséiert kee sech. Dobäi si grad si d'Zukunft vun eiser Gesellschaft. Mee si ginn einfach net eescht geholl. Eigentlech missten eis déi offiziell Zuele vu Suicidë bei Jonken ze denken ginn, an absolut Prioritéit sinn. Kanner, ob déi ne…
  continue reading
 
An de leschte Wochen ass nees verstäerkt an der Ëffentlechkeet iwwer déi sougenannte Liwwerketten-Direktive geschwat ginn, besonnesch well d’EU-Kommissioun dësen Text nach eemol op de Leescht geholl huet fir en ze vereinfachen. An der Carte blanche vum René Winkin héiere mir elo dass et bei deem Text awer nach em wäit aus méi geet, wéi déi gewënsch…
  continue reading
 
D’Opreegung iwwert d’Importtaxen, déi d’amerikanesch Administratioun der Welt opzwéngt, deet leider vergiessen, datt déi aarm Länner vun esou Moossname besonnesch staark ze leiden hunn. Derbäi kënnt dann och, datt vill westlech Länner hir direkt Hëllefen deels staark zréckschrauwen. An dëser Carte blanche gëtt gesot, wéi wichteg an erfreelech et as…
  continue reading
 
Virun nach net allze laanger Zéit, huet een duerch online Agendae gescrollt oder Pabeierbroschüre gebliedert, an da selwer säin Dag geplangt. Haut huet Kënschtlech Intelligenz op all Fro eng Äntwert. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
D'Reform vun eisem Pensiounssystem ass eng wichteg Prioritéit vun der Regierung, well et geet drëms, de Generatiounsvertrag vun dësem System sozialgerecht a laangfristeg ofzesécheren. De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, erkläert a senger Carte Blanche, wéi wichteg et ass, elo ze handele fir ee finanzéierbaren an nohaltege …
  continue reading
 
D'Bildungslandschaft zu Lëtzebuerg huet an de leschte Jore bedeitend Verännerunge matgemaach. Mat der Aféierung vu Kompetenzzentren, ëffentlechen Europaschoulen an der Alphabetiséierung op Franséisch reagéiert de Bildungssystem op déi ëmmer méi grouss gesellschaftlech Diversitéit. An dëser Carte Blanche deelt de Gaston Ternes seng perséinlech Analy…
  continue reading
 
Geréit d'Wëssenschaft ënner Drock? An dëser Carte Blanche reflektéiert d'Pascale Engel – Wëssenschaftlerin an Unisprofessorin - wéi d'Juegd no revolutionären Erkenntnesser zu feelerhaften Etüde féiere kann a firwat Replikatioun an der Fuerschung sou wichteg ass.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert, sou 1946 de Karl Popper. Wéi et ausgesäit, wann een déi Häll op en Neits well ufakelen, dat hu mer d'leschte Freideg am Oval Office zu Washington live gesinn. Wéi mierkt een, datt d'Vernonft, eise gesonde Mënscheverstand ufänkt, midd ze ginn? Dozou eng Carte Bl…
  continue reading
 
Eis Gesellschaft brauch an dësen turbulenten Zäiten d'Hëllef vu Fachleit, mat richteger Ethik, an den allgemengen Interessi am Bléckfeld: also onofhängeg Journalisten, Riichter, Affekoten, Architekten, Ingenieuren,... Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Enn lescht Joer huet déi brittesch Regierung seng Haaptregulateure per Bréif opgefuerdert, fir positiv zum Wuesstem-Agenda vun hirem Land bäizedroen. Dass déi verschidde Regulateure souguer zu engem wichtege Facteur fir wirtschaftlechen Erfolleg kënne ginn, dozou eng Carte Blanche vum René Winkin.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
An e Puer Méint wäerten d’Amendementer zu engem Projet de loi am Parlament deposéiert ginn, bei deem et ëm en neit Jugendschutzgesetz geet. Wa Mannerjäreger a grousser Gefor sinn, Jugendlecher a Konflikt gerode mam Gesetz, ass et um Jugendriichter anzegräifen, fir Moossnamen ze huelen, déi sollen hëllefen.…
  continue reading
 
A leschter Zäit gëtt vill kontrovers iwwer Kënschtlech Intelligenz diskutéiert, an dach ass et schwiereg ze verstoen, wat déi Errongenschaft der Mënschheet bréngt. An dëser Carte Blanche gëtt d’Fro gestallt, ob d’Potentialitéite vun der Kënschtlecher Intelligenz dach net misste gebraucht ginn, fir haaptsächlech déi grouss Erausfuerderunge vun eiser…
  continue reading
 
"D'Infirmière kritt elo hire Bachelor. Dat ass ze begréissen. Mee iergendee muss d'Aarbecht jo maachen." Dës Ausso vun engem Directeur am Extra-hospitalière Secteur bereet der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) Suergen, well et d'Begrënnung war, firwat en neie Gesondheetsberuff gebraucht soll ginn. Hir Presidentin, d'Anne-Marie …
  continue reading
 
D’Zuel vun den Auslänner, déi sech fir d’Gemengewalen aschreiwen, geet lues a lues erop, bleift awer nach ëmmer bedauerlech niddereg. Gläichzäiteg klëmmt d’Unzuel vu Leit, déi trotz Walflicht net wiele ginn. Wéi kënnt dat? Ass et en Desintérêt fir de Walprozess, deen ëmmer manner d’Diversitéit vun eiser Gesellschaft spigelt? An dëser Carte Blanche …
  continue reading
 
D’Thema vum Benevolat ass iwwert déi leschte Joerzéngten ëmmer besser dokumentéiert ginn, national wéi international. Iwwerall op der Welt gëtt festgestallt, dass d’Bereetschaft zum fräiwëllegen Engagement ofhëlt. Wéi steet et mat dem fräiwëllegen Engagement zu Lëtzebuerg? Där Fro geet de Gaston Ternes an dëser Carte blanche no.…
  continue reading
 
2025 weist eise Kalenner zanter e puer Deeg un an eng Neijoerschreceptioun an Invitatioun fir tëscht Famill, Frënn a Kolleegen unzestoussen, kënnt op déi aner. Sou vergeet de Mount Januar mat Gléckwënsch, Rieden a Gespréicher iwwer dat wat eriwwer ass an dat wat kënnt. Dozou eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomistin a Kommunikatiounsexpert…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide

Listen to this show while you explore
Play