Rtl Radio Letzebuerg public
[search 0]
More
Download the App!
show episodes
 
Artwork

1
1Komma5Grad

RTL Radio Lëtzebuerg

icon
Unsubscribe
icon
icon
Unsubscribe
icon
Monthly
 
Héichwaasser zu Lëtzebuerg, Polen di schmëlzen, Bränn am Süde vun Europa, Temperature vu bal 50 Grad Celsius a Kanada. Och ouni 6. Rapport vum Weltklimarot ass kloer: d Wiederextremer huelen zou. Virun allem sinn sech awer d'Experten eens a sécher, dass et eng mënschegemaachte Kris ass. Sou akut, dass d'Wuert Klimawandel net méi passt, awer Klima-Urgence. Am Podcast 1Komma5Grad diskutéieren d' Caroline Mart an de Pierre Weimerskirch iwwert eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d' Politik ...
  continue reading
 
Loading …
show series
 
Am nationale Futtball war de Weekend den Optakt vum Championnat an der BGL Ligue. Och des Saison gelt Déifferdeng als grousse Favorit op den Titel. Do hannendrun kommen awer direkt e puer Equippen a Fro déi sech Hoffnungen op déi europäesch Plazen maachen. Sou och Diddeleng an Nidderkuer déi direkt um éischte Spilldag géinteneen gespillt hunn. Am F…
  continue reading
 
Hollywood huet esou seng Gesetzer a bei e puer Staren bleift eng Roll fir ëmmer un hinne pechen. Bei der Julia Roberts ass et Pretty Woman. Egal wat si duerno nach gespillt huet. Bei villen bleift si déi jonk Fra am roude Mantel an den héije Stiwwelen. Mee wat déi mannst wëssen: Den Original-Zenario hat guer näischt mat Romantik ze dinn.…
  continue reading
 
Haut um franséischen National Feierdag och am Automag en Auto "Made in France". E neien DS. An zwar de „numéro huit“. Jo den DS 8 ass de Spëtzemodell an der Gamme. Kënnt reng elektresch op de Marché, an e ganz bekannte Personnage huet dësen elo als Dingscht Limousinne. Op der internationaler Presentatioun war fir eis de Christian Schmit mat dobäi. …
  continue reading
 
Hie spillt Banjo, hie schreift Bicher, an e mécht Komedie. Elo seet hien: Et kéint duergoen. De Steve Martin zielt ouni Zweiwel zu de grousse Kultfigur'en an den USA. Mat sengem Alter vu bal 80 Joer gëtt et ëmmer méi roueg ëm hien… oder vläicht och net? De Pit Biwer geheit e Bléck op seng lescht Serie, seng lëschteg Aart a säi Wëllen säi Wëssen un …
  continue reading
 
D’Iwwerschëldung ass ee schlëmme Probleem an dobäi ass et nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Ganz vill Leit liewen a ganz prekäre finanzielle Bedingungen a riskéieren all Ament, kuerz oder laangfristeg an d’Laberenten ze kommen. Wichteg ass eng finanziell Gesondheet. An dëser Carte Blanche gëtt gefuerdert, datt duerfir eng ausféierlech finanziell Bildun…
  continue reading
 
Leschte Samschdeg war eng grouss Manifestatioun vun de Gewerkschafte géint den Ofbau vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Datt dëse souwuel eng Ressource fir onse Wirtschaftsstanduert wéi och e Géigegewiicht zum Demokratie-Defizit duerstellt, mengt de Soziolog Fernand Fehlen.By RTL Radio Lëtzebuerg
  continue reading
 
Haut gesi mir se an hire Villaen a mat Designer-Kleeder um rouden Teppech. Mä et war net ëmmer esou. Net all Acteur ass räich op d’Welt komm. Fir vill war et en haarde Start mat Geldsuergen, klengen Appartementer a grousser Hoffnung. Sarah Jessica Parker, Mark Wahlberg oder Hilary Swank. Si alleguer hunn eng Geschicht, déi net mat Glanz ugefaangen …
  continue reading
 
Monaco a Monte Carlo, eng Plaz wou et vun Dram Autoen an exclusive Gefierer nëmmen esou wimmelt. Genee do ass den Automag haut op Besuch, wëll et hat e Geleeënheet sech d'Collection de son Altesse le Prince Albert de Monaco unzekucken. Mir hunn eis di nei Location vum Valérie Clausier weisen an erkläere gelooss.…
  continue reading
 
D’EU-Kommissioun setzt am Kader vun der "Better Regulation Strategie" op eng nei Method, fir d’Gesetzgebung méi einfach, effektiv an transparent ze gestalten. D’Zil ass et, d‘administrativ Belaaschtung ze reduzéieren an d’Reegele besser un déi komplex a wirtschaftlech, sozial an environemental Erausfuerderungen unzepassen, déi séier änneren. An dës…
  continue reading
 
Renault huet et scho mam neie R5 erlieft an direkt duerno den R4 lancéiert - Retrodesign ass nees in! Am Fong fir Fiat näischt Neies, schliisslech hu si virun 20 Joer mat der Neioplag vum legendäre 500er grousse Succès gehat. An dat soll elo mat der nächster Ikon esou goen - an der Fiat-Heemecht Turin gouf elo de Grande Panda als Hybrid lancéiert a…
  continue reading
 
Loading …

Quick Reference Guide

Copyright 2025 | Privacy Policy | Terms of Service | | Copyright
Listen to this show while you explore
Play